
Nei um Bichermart:
1600 JAHRE SPÄTER
Die Geschichte der Entdeckung des spätrömischen Goldschatzes und dem Burgus von Holzthum “Om Rank”
Auteur: Cliff Nosbusch
Ëmfang: 200 Säiten
Format: A5
ISBN: ISBN-978-2-9199662-3-3
Präis: 25 €
Erschéngungsdatum: 09/2026


Eng aussergewéinlech archeologesch Entdeckung aus eiser Regioun.
141 réimesch Goldmënzen. D’Iwwerreschter vun engem spéitréimesche Burgus. Eng Geschicht, déi ronn 1.600 Joer laang verstoppt war.
Nodeems 2019 déi éischt Goldmënze fonnt goufen, hunn op dëser Plaz weider detailléiert archeologesch Ënnersichunge stattfonnt. Tëscht 2021 an 2024 gouf bei Holzthum duerch systematesch Ausgruewungen e wichtegt Stéck Geschicht erëm fräigeluecht.
D’Ausgruewungen hunn am ganzen 141 Gold-Mënzen an d’Iwwerreschter vun enger spéitréimescher Befestegungsanlag, engem sougenannte Burgus, zum Virschäin bruecht.
Ma wat erzielt dës Entdeckung iwwer d’Mënschen, déi hei viru ronn 1.600 Joer gelieft a gewierkt hunn?
A firwat gouf de Goldschatz genee op dëser Plaz verstoppt?
D’GESCHICHT HANNERT DER ENTDECKUNG
Dëst Buch dokumentéiert d’Geschicht vun der aussergewéinlecher archeologescher Entdeckung bei Holzthum, vun den éischten archeologeschen Ënnersichungen iwwer déi verschidde Fondstécker bis hin zu den historesche Froen, déi sech doraus erginn.
Fotografien, Hannergrondinformatiounen an d’Dokumentatioun vun der Ausgruewung ginn en Abléck an eng Entdeckung, déi eiser Regioun e bemierkenswäerte Stéck réimesch Geschicht zeréckgëtt.
Besonnesch faszinéierend ass de Goldmënzefonnt: Déi 141 Mënzen stamen aus der zweeter Hallschent vum 4. Joerhonnert a representéieren e puer réimesch Keeser. Ënnert hinne sinn och rar Mënze vum Usurpator Eugenius.
ENG GESCHICHT, DÉI NACH NET ZU ENN ERZIELT ASS
Déi wëssenschaftlech Auswäertung vun den Entdeckunge leeft nach.
An dësem Buch gëtt de Lieser mat op eng Rees duerch d’Geschicht geholl an erlieft zesumme mat Lokalhistoriker, wéi et zu dëser spektakulärer Entdeckung koum.
Aus der Siicht vun engem Amateurarcheolog gëtt de Verlaf vun den Ausgruewunge beschriwwen. Déi eenzel Entdeckungen an hir Zesummenhäng ginn dobäi verständlech erkläert, och fir Lieser, déi sech bis elo nach net mat Archeologie beschäftegt hunn.
De Goldschatz vu Holzthum ass net nëmmen eng aussergewéinlech Entdeckung, mee och den Ufank vun enger Geschicht, déi nach weider erzielt gëtt.


