Däin Beitrag zur Archeologie
Ganz vill archeologesch Entdeckungen sinn engem Zoufall ze verdanken. Wann een zum Beispill an de Gromperen réimesch Schierbelen am Stéck fënnt, kann dat op eng Besiidlung aus der Zäit hiweisen. Och beim einfachen Spadséieren goen, kann een Objet erblécken, déi engem net natierlech mee wéi vun Mënschenhand erschafen virkommen. Nodeem an d'Kanner vun der fréierer Primärschoul vu Weller op sou Artefakten sensibiliséiert goufen, sinn op emol ganz vill wichteg Puzzelstécker vun der lokaler Geschicht entdeckt an dokumentéiert ginn. Jiddereen kann zu Archeologie bäidroen, andeem een sou eng Fenn richteg dokumentéiert a sou een Deel zum Puzzle bäidréit. Op dëser Säit wëlle mir Iech erklären, wéi een am beschten virgeet, wann een eppes fënnt.

Wichteg Warnung !
Am ganzen Land, besonnesch am Éislek, läit nach vill geféierlecht Geschier aus dem zweeten an souguer aus dem éischten Weltkrich. Wann Dir eppes erbléckst, wat geféierlech ausgesäit, ruff direkt d’Police oder den Service SEDAL vun der Arméi. Si kucken wat ze maachen ass an sécheren d’Plaz. Op keen Fall d’Saach upaken oder beweegen!

Legales
Wann een ganz gezielt no archeologeschen Artefakten sichen geet, brauch een eng Autorisatioun vum zoustännegen Ministère, sou wéi d’Gesetz vum 25.02.2022 dat virgesäit. Wann Dir interesséiert sidd, op deen Wee ze goen, stinn mir als asbl Iech gären zu Säit, fir Iech bei den néidegen Demarchen ze hëllefen.

Dokumentatioun
E Fondstéck bei deem een net weess wou et hier kennt, ass fir d'Archeologie wäertlos. Just wann een genau weess, wou des Stéck fonnt gouf, weess een och, wou et an de Puzzle gehéiert. Well haut ze Daags bal jiddereen een Handy dobäi huet, ass et méi einfach ginn d'Fondplaz fest ze halen. Wärend een an de leschten Joerzéngten nach op enger topographescher Kaart e Kräiz gemaach huet, kann een Haut mat sengem Smartphone säin "Standuert" ganz einfach bestëmmen.
Och een Wander-GPS kann engem déi genau Positioun matdeele. Wichteg ass et eng Foto vun der Saach ze maachen déi een fonnt huet an e Screenshot vun den Koordinaten. Entweder vun der Kaart, déi mëttlerweil all Handy huet, oder vun enger App, déi de Standuert ugëtt. Wann een e separaten GPS dobäi huet, kann een och eng Foto vum GPS mat dem Stéck maachen. Natierlech kann een och e Blat an e Bläistëft benotzen an eng Notiz mat folgenden Daten opschreiwen: Datum, Uertschaft, Flouernumm, Koordinaten, Beschreiwung vum Objet.

Interessant Objeten
Alles vun Artefakten, wat net aus Metall ass, fënnt een just mat den An. Et ass deemno fir d‘Archeologie e Glécksfall, wann eng Steenaxt oder e Stéck Silex fonnt gëtt an richteg Dokumentéiert geet. Och Schierbelen kennen op e Site hiweisen. Bei eis an der Géigend, fënnt een virun allem bei réimeschen Site meeschtens vill Schierbelen. Rout réimesch Schierbelen sinn net sou haart gebak, wéi modern Keramik, sou dat mat dësen op engem Steen e Stréch mole kann. Och Perl, geschlaff oder duerchbuert Steng, Glas a Metall Objeten wéi zB Mënzen kann een mat sengen Aen entdecken. Des „ongeféierlech“ Fonntstécker kennen dann nom Dokumentéierten dem Archeolog matgeholl ginn. Et gëllt deemno bei all Spadséiergang d’Aen opzehalen
Huet Dir scho mol sou eng Entdeckung gemaach a braucht Hëllef bei enger Bestëmmung oder aneren Demarchen? Oder huet Dir méi Froen zum Thema, dann kontaktéiert eis asbl.

Dronen
Och Dronen sinn an der Archeologie ganz nëtzlech. Doduerch dat Planzen vu Strukturen am Buedem beaflosst ginn, kann een mat e bëssen Chance, des Strukturen aus der Loft gesinn. Fir sou eng Drone dierfen ze fléien, muss een eng Formatioun mat maachen an sech am Guichet aschreiwen. Ausserdeem brauch een eng Haftflicht a et muss een kucken, op de Loftraum frei ass, éier een start. Dat klengt komplizéiert ass awer einfach. Wann Dir dozou Hëllef braucht, kennt Dir Iech bei eiser asbl mellen.
Wann Dir och mol sou Strukturen ob Äre Biller gesäit, kennt Dir eis déi gären zoukommen loossen. Eventuell kennen mir Iech méi iwwert Är Entdeckung soen an déi Informatioun un den INRA fir hir Datebank weider ginn.