top of page

Éisleker Geschichtsfuerscher on Tour

Hei sinn e puer Informatiounen zu eisen Ausflich

IMG_7348.JPG
IMG_7401.JPG
IMG_7375.JPG
IMG_7337_edited.jpg
IMG_7335.JPG
IMG_7386.JPG
IMG_7393.JPG

B-17G

Den 21. Mäerz 2026 si mir op Bastnech an de War Room gaangen, wou d’Iwwerreschter vun enger B-17G ausgestallt sinn, deen zu Feschbesch ofgestierzt ass. De Patrick Murphy huet eis d’Geschicht vun dëser “Flying Fortress” erzielt, déi den 14. Januar 1945 ofgeschoss gouf. Et war eng spannend an beandrockend Geschicht, déi weist, wéi vill Recherche néideg war, fir d’Onglécksplaz schlussendlech ze lokaliséieren, an mat wéi vill Léift an Engagement d’Detailer vun dësem Puzzle – souwuel vum Fliger selwer wéi och vu senger Geschicht – erëm zesummegesat goufen.

Hei fannt Dir weider Informatiounen zum Thema: 

https://www.facebook.com/share/p/1bcwCCn7Wj/

PORTE-OUVERTE

De 27. September 2025 hunn mir eng Porte ouverte am Schofstall organiséiert. Nieft geféierte Visitten duerch eis Sammlung gouf et selwergemaachte Leckereien.

image.png
image.png
IMG_2389.JPG

Hengescht

Den 16. Juli 2025 hunn mir d’Ausgruewung zu Hengescht besicht. Eis Memberen konnten d’Fräileeë vun zwee fréiréimesche Griewer matverfollegen. Den Iliya Hadzhipetkov vum INRA huet erkläert, wéi esou eng Ausgruewung ofleeft a wat genee bis dohin fonnt gouf respektiv vum Site gewosst war.

Tëtelbierg

Den 17. Oktober 2024 waren mir op Besuch am Centre Régional de Recherche Titelberg (CRRA).

Um Programm stoungen e guidéierten Rondgang iwwert den Oppidum, eng Visite vum Fuerschungszentrum, souwéi e gemeinsamt Mëttegiessen bei der Giedel.

DSC00968.JPG
DSC00972.JPG
DSC01004.JPG
DSC00981.JPG
DSC01000.JPG
20231015_134550.jpg
20231015_140159.jpg
20231015_120525.jpg

Belginum

De 15.10.2023 ware mir an den Archäologiepark BELGINUM zu Wederath wo mir d'Sonderausstellung zum 20. Jubiläum vum Park kucke waren

Tréier

Den 31. August 2022 waren mir op Tréier, d'Ausstellung iwwert den Ennergang vum Réimesche Räich kucken

20220831_121431.jpg

© 2025 Éisleker Geschichtsfuerscher ASBL. Erstellt mit Wix.com

bottom of page