top of page

Publikatiounen

Op dëser Seit fannt dir Artikelen déi iwwer eis Projeten a spannend Entdeckungen aus der Géigend berichten. Vill Spaass beim Liesen!

Geoprospektioun vun der Weller Réimervilla

IMG_0487.jpeg

Virun 50 Joer entdeckt, soll d'réimesch Villa zu Weller elo mat Hëllef vun enger Geoprospektioun duerch Geomagnetik a Buedemradar méi genee erfuerscht an hir Ausmooss dokumentéiert ginn.

Vitrinnen an der Gemeng Parc Housen

IMG_0618.jpeg

An der Entrée vun der Administratioun vun der Gemeng Parc Housen sinn zënter dem 25. August 2026 zwou Vitrinnen ausgstallt mat Fonntstécker aus der Steenzäit, an Antik. 

E groussen Merci un d'Gemeng Parc Housen fir d'Vitrinnen.

Buch : 1600 Jahre Später (2026 C.Nosbusch)

IMG_0706.JPG

Ab September 2026 ass e Buch iwwer d'Geschicht vun der Entdeckung vum Goldschatz vun Holzthum an d'Ausgruewung vum Burgus ze kafen. Vill Spaass beim Liesen an Entdecke vun dësem spannende Stéck Éisleker Geschicht!

Buch : Feuerstein und Steinzeitmenschen im Ösling (2025 J. Müller)

Jos Buch_edited_edited.jpg

Im Jahr 2025 veröffentlichte Jos Müller sein neuestes Buch, das sich mit zwei Themen auseinandersetzt:

- Natürliche Vorkommen von Silex im Norden Luxemburgs

- Dokumentation steinzeitlicherfakte verschiedener Fundstellen im Ösling.

Video : Mir hun e Kurzfilm iwwert d'Ausgruewung zu Hengescht (2025) erstallt

cn_IMG_2361_edited.jpg

2025 huet eis ASBL bei enger Ausgruewung zu Hengescht gehollef. Dobäi goufen zwee réimesch Griewer ausgegruewen. Doriwwer hu mir e klenge Dokumentatiounsfilm vun enger Véierelstonn produzéiert.

Video : D'EGF planzen a Bam

Screenshot 2026-08-13 153549.jpg

Am Hierscht 2025 gouf eng Bamplanz-Challenge lancéiert, bei där mir als ASBL gläichzäiteg vun zwee Veräiner nominéiert goufen. Mir hunn d’Erausfuerderung ugeholl an och e passende Video dozou gemaach.

2024 D‘Griewer aus der Eisenzäit um Steenricht

IMG_4897.JPG

An der Woch vum 3. Juni 2024 koum et op Steenricht bei Duerscht zu enger, fir eis Géigend, spektakulärer Entdeckung. Op der Kopp ganz uewen um Bierg, sinn direkt ënnert der Akerschicht Griewer der Hallstattzäit fonnt gin. Hei fannt Dir en Artikel dozou.

2023 Ausgruewung bei Duerscht

image.png

Schonn 2021 goufe fir de Projet vun der Umgeeungsstrooss fir Husen op ville Plaze präventive Gruewunge gemaach. Bei Duerscht goufen dobei réimech Griewer fonnt, déi 2023 ausgegruewen goufen. Hei fannt Dir en Artikel dozou.

© 2026 Éisleker Geschichtsfuerscher ASBL

bottom of page