



D’Ausgruewung 2023 bei Duerscht
2021 goufe fir de Projet vun der Umgeeungsstrooss fir Husen op ville Plaze präventive Gruewunge gemaach. All 10 Meter gouf e Gruef gezunn. En Archeolog huet dobäi Schicht fir Schicht opgepasst, wat am Buedem wier. Ënner anerem bei Duerscht, sinn si deemools op Iwwerreschter vu fréiere Kulture gestouss. An dësem Fall waren et Reschter vun engem galloréimesche Kierfecht.
Fir d’Aarbechte fir de Bau vun der Strooss net ze bremsen, gouf dëse Kierfecht 2023 ganz ausgegruewen. Et huet sech rausgestallt, dat vill mauerähnlich Strukturen als Entwässerung vum Hang ugeluecht goufen. Et goufen awer och eng Partie Griewer fonnt. D‘Auswäertung vun dëse Griewer ass nach net ofgeschloss an dofir och nach net offiziell publizéiert ginn. Sécher ass awer, dat et sech ëmm galloréimesch Griewer handelt. Extra vill Beigaben goufen net fonnt, so dat een dovunner ausgoenkann, dat „normal“ Bierger do begruewen goufen.
Eng vun den interessantsten Beigaben, war een sechseckeg Glasgefääss mat 2 Hänken um Hals. Dëst Gefääss gesäit no bal 2000 Joer sou aus, wéi wann dat réischt d’lescht Joeran de Buedem beluecht gouf. Vu sou engem Gefääss goufen och nach verschmolten Reschter fonnt. Dëst gouf bei der Anäscherung mat verbrannt.
Nieft Urnen goufen och anert Keramik Geschier mat an d’Griewer ginn. Op der Foto ënnen ass eng Schuel, an der eppes mat an d’Grav geluecht gouf. Wat all des Beigaben ze bedeiten hunn, a wat si iwwert déi Läit aussoen, wäerten mir no der Auswäertung vun den Archeologe gewuer ginn. Et bleift nach ze bemierken, dat do wou Läit begruewen goufen, och Läit gelieft hunn... Deemno mussen och Gebaier an der Géigend gestanen hunn. Op der Fläsch, wou d’Strooss gebaut gëtt, goufen keng Reschter fonnt, deemno bléift nach sou munches ze entdecken.
Dësen Artikel fannt Dir och am "Houser Sender Nr76 08_2024"
C.Nosbusch