top of page

Geoprospektioun Villa Weller August 2026

50 Joer Entdeckung Réimer Villa Weller

Virun ronn 50 Joer gouf zu Weller vun de Schoulkanner mat hierem Schoulmeschter Marcel Scheidweiler, eng réimesch Villa entdeckt an zum Deel ausgegruewen. D'Eiseleker Geschichtsfuerscher ASBL huet sech elo d'Zil gesat, d'Geschicht ronderëm dës Villa nei opzeschaffen an esou méi iwwer dëse wichtegen Deel vun eiser regionaler Geschicht erauszefannen.

An dësem Kader si mir immens frou, datt d'Gemeng Pëtschent eis eng Geoprospektioun finanzéiert huet. Dës Ënnersichung soll dobäi hëllefen, d'Ausmooss vun der réimescher Villa an eventuell weider archeologesch Strukturen an hirer Ëmgéigend méi genee ze erfaassen – ouni de Buedem direkt opzemaachen.

An Zesummenaarbecht mam INRA an Archeolux huet d'Firma GeoSphere Austria de 26. an 27. August 2026 eng Geoprospektioun op engem ronn 10 Hektar grousse Gebitt duerchgefouert. Dobäi koumen zwou Methoden zum Asaz: d'Geomagnetik an de Buedemradar.

 

Bei der Geomagnetik ginn d'magnéitesch Eegeschafte vum Buedem gemooss. Verschidde archeologesch Strukturen, wéi Maueren, Grief oder verbrannte Beräicher, kënnen d'magnéitescht Feld lokal veränneren. Mat speziellen Sensoren, déi iwwer d'Fläch gefouert ginn, entsteet esou eng Kaart, op där sech méiglech Strukturen ënner dem Buedem ofzeechnen. Dës Method erlaabt et, a relativ kuerzer Zäit grouss Flächen z'ënnersichen.

De Buedemradar (Ground Penetrating Radar, GPR) funktionéiert op eng aner Manéier. Dobäi ginn elektromagnéitesch Wellen an de Buedem geschéckt. Wa se op eng Grenz tëscht verschiddene Materialien oder op eng Struktur wéi eng Mauer treffen, gëtt en Deel vum Signal zeréck reflektéiert. Aus dëse Reflektioune kann een Informatiounen iwwer d'Lag an Déift vu méigleche Strukturen am Buedem gewannen. Am Géigesaz zur Geomagnetik kann de Buedemradar also och Informatiounen iwwer d'Verdeelung vun de Strukturen an der Déift liwweren.

D'Kombinatioun vun deenen zwou Methoden erlaabt et, e vill méi komplext Bild vun deem ze kréien, wat nach haut ënner de Felder verstoppt ass. Domat hoffe mir, nei Hiweiser op d'Ausmooss vun der Villa, op weider Gebaier oder aner archeologesch Strukturen ze kréien an domat weider Puzzlestécker vun der Geschicht vu Weller ze fannen.

E grousse Merci geet un d'Gemeng Pëtschent fir d'Finanzéierung an un den INRA, Archeolux an d'Firma Geosphere fir hir Zesummenaarbecht bei dësem spannende Projet.

© 2026 Éisleker Geschichtsfuerscher ASBL

bottom of page