top of page
IMG_4897.JPG

D‘Griewer aus der Eisenzäit um Steenricht

IMG_4890.JPG

(Foto: B.Miska-Konik ©Archaeos/BEST/INRA)

IMG_4897.JPG

(Foto: C.Nosbusch)

IMG_4946.JPG
IMG_5042.JPG

(Foto: C.Nosbusch)

Wéi déi meescht vun Iech sécher gesinn hunn, gouf säit dem Fréijoer 2024 e Grouf queesch duerch eis Gemeng gezunn, fir eng nei Héichspannungsleitung ze leeën.

Dëse Chantier gouf, sou wéi dat neit Denkmalschutz-Gesetz vum 25. Februar 2022 et virgesäit, am Virfeld ënnert d’Lupp geholl. Wëssenschaftlich huet d’Madamm Franziska Dövener vum INRA (Institut National de Recherches Archéologiques) dëse Projet begleet. Nom Déminéieren goufen déi Ofschnëtter, wou mat archeologesch relevanten Entdeckungen ze rechne war, virum eigentleche Chantier vun enger spezialiséierter Firma fräigeluecht. Archäologen vun Best Ingénieurs-Conseils hunn den Terrain ofgesicht, ausgegruewen an eng Diagnose erstallt.  

An der Woch vum 3. Juni 2024 koum et dunn op Steenricht bei Duerscht zu enger, fir eis Géigend, spektakulärer Entdeckung. Op der Kopp ganz uewen um Bierg, sinn direkt ënnert der Akerschicht rechteckeg an trapezförmeg Strukture aus Steng opgetaucht. Des Steng ware primitiv a Form vun enger Doudelued getässelt. Wéi dat éischt Gefääss fonnt gouf, stoung fir den zoustännegen Archeolog séier fest: „Dës Griewer mussen aus der Hallstattzäit, vun der Hundsrück Eifel-Kultur stamen!“ Beim weideren Ausgruewe vun dëse Griewer koumen weider Detailer zum Virschäin, déi des Vermutung bestätegen. Sou goufen insgesamt zwee Keramik-Gefäässer fonnt, genau sou wéi een Tork an een Armreef aus Eisen. Een Tork ass e Reef, deen als Schmuck ëm den Hals gedroe gouf. Opwuel an dëse Griewer d’Mënsche komplett drageluecht goufen (Ganzkörpergrab), ware keng Schanke méi ze fannen. Insgesamt goufen 13 Strukture fonnt. Vun deene sinn der 4 als Graf (Steinkistengrab) identifizéiert ginn.

Am Éislek sinn dëst bis elo déi eenzeg bekannte Griewer aus der Hallstattzäit. Des Zäit goung vun ongeféier 800 bis 450 v.Chr., also laang virun  der gallo-réimescher Zäit. D’Period vun der Hallstattkultur gouf am 19. Joerhonnert no der Uertschaft Hallstatt um Hallstätter See benannt, well do ee risegt Griewerfeld mat iwwer 1000 Griewer entdeckt an ausgegruewe gouf. Dee fir d‘Virgeschicht zoustännegen Archäolog vum INRA Iliya Hadzhipetkov schwätzt an dësem Fall vun der Hunsrück-Eifel-Kultur. Dobäi geet et ëm dat Vollek, wat an eiser Regioun zu där Zäit gelieft huet. Dacks gi bei dëser Aart vu Griewer och vill aner Grafbeigabe fonnt, wéi z.B. Waffen, Fiebelen, Rimmer, Schmuck an Nolen. D’Hunsrück-Eifel-Kultur huet awer meeschtens manner Grafbeigabe matbegruewen, wéi et zu där Zäit an der Géigend vun Hallstatt de Fall war. Ausféierlech Informatiounen iwwert dës interessant Kulturen fënnt een am Internet, ënner anerem op Wikipedia. D’Objeten déi op Steenricht séchergestallt goufen, ginn elo analyséiert an konservéiert. Wat soen d’Griewer iwwert d’Mënschen aus där Zäit aus? Mat Spannung waarde mir op d’Auswäertung vun den Archeologe vum INRA, déi no der Dokumentatioun vun allen Elementer erstallt a verëffentlecht ginn. 

Well beim Chantier vun der Héichspannungsleitung just eng schmuel Sträif opgemaach gouf, kéint et sinn, dass nach vill méi am Feld ass. Fir dat rauszefannen, gouf Enn 2024 eng groussflächeg Geoprospektioun duerchgefouert. Mat verschiddenene physikalesche Methoden konnt sou an de Buedem ragekuckt ginn, ouni ze gruewen. An dësem Fall gouf sech fir eng Widderstandsmiessung entscheet. Dobäi gouf een Unhänger iwwert d’Feld gezunn, bei deem zwëschent de Rieder een elektresche Stroum duerch de Buedem geschéckt gouf. Ee Computer huet den elektresche Widderstand ermëttelt a mat Hëllef vu GPS eng Kaart erstellt. Do wou ee Graf oder soss eng Struktur am Buedem ass, ass de Widderstand anescht, sou dat déi Plaazen um Computer op der Kaart duerch eng aner Fierwung ze gesi sinn. D‘Geoprospektioun um Steenricht ass negativ verlaf. Da heescht, dass keng weider Griewer op den ugrenzende Felder nogwise konnte ginn. Wann nach méi Griewer do waren, kann et sinn, dass déi iwwert déi letzt Joerhonnerten dem Plou zum Affer gefall sinn. 

Dësen Artikel fannt Dir och am "Houser Sender Nr78 02/2025"                                                                                                               C.Nosbusch

© 2026 Éisleker Geschichtsfuerscher ASBL

bottom of page