top of page
Vitrinnen am Gemengenhaus zu Housen
An der Entrée vun der Administratioun vun der Gemeng Parc Housen kënnt Dir seit dem 25. August 2026 zwou Vitrinnen bewonneren, déi d'Gemeng eiser ASBL fir e puer Méint zu Verfügung gestallt huet. Eng Vitrinne weist interessant Lokalfonntstécker aus der Steenzäit, während déi aner Iech mat an d'Antik bei d'Réimer hëllt.
Mir wëllen der Gemeng Parc Housen e groussen Merci soen, fir d'Bereedstellung vun dësen Vitrinnen.
Kommt bis lanscht an entdeckt dës faszinéierend Stécker aus der Éisleker Geschicht! D'Ausstëllung ass ëmmer op, wann d'Gemeng op ass.




bottom of page
