
Interessantes a Fakten aus dem Buedem ...











Grabgärten bei Heinerscheid
Im April 2023 entdeckte ein Mitglied der Éisleker Geschichtsfuerscher auf einem Luftbild zwei verdächtige, quadratische Strukturen mit einem Punkt in der Mitte – ein typisches Zeichen für antike Grabanlagen. Der Verdacht bestätigte sich schnell: Es handelte sich um ein bedeutendes Gräberfeld aus der Eisenzeit oder der frühen Römerzeit bei Heinerscheid. Dank der guten Zusammenarbeit mit dem Archäologen Iliya Hadzhipetkov vom INRA konnte das Gelände im Jahr 2025 im Rahmen einer größeren Ausgrabung untersucht werden.
Fast ein Dutzend Mitglieder der Éisleker Geschichtsfuerscher ASBL halfen freiwillig bei der Grabung mit und waren mit großer Begeisterung dabei. Die Zusammenarbeit mit den Archäologen und vier Studierenden verlief reibungslos, und alle Beteiligten hatten viel Freude an der praktischen Arbeit und den spannenden Entdeckungen. Besonders bewegend war es, als jahrtausendealte Artefakte – darunter Keramikgefäße, Fibeln und ein römisches Badeset – erstmals wieder ans Tageslicht kamen. Für die Mitglieder war es ein unvergessliches Erlebnis, aktiv zur Erforschung der regionalen Geschichte beizutragen.
​
C.Nosbusch
Entdeckungen
"Om Rank"
De Burgus a Goldschatz
vun Holzthum
Am 2.Dezember 2024 wurde in Luxemburg eine Pressemitteilung veröffentlicht, welche über die Entdeckung eines Goldschatzes im Ösling berichtet. Entgegen den Tatsachen wurde in der offiziellen Pressemitteilung der falsche Eindruck erweckt, "Archäologen" wären die Entdecker dieses Schatzes.
Jos Müller und Cliff Nosbusch sind seit über 25 Jahren als freiwillige Prospektoren unterwegs. An einem sonnigen Tag Ende 2019 fand Jos die erste Goldmünze, als er auf einem angrenzenden Feld eine natürliche Pause einlegt. Beide entdeckten innerhalb der darauf folgenden Stunde 36 Münzen. Durch ihr vorbildliches Verhalten konnte der ganze Schatz in den Jahren 2020 bis 2024 unter staatlicher Leitung (CNRA/INRA) geborgen werden. Zudem wurde ein Burgus ausgegraben, welcher in direktem Zusammenhang zum Schatz zu sehen ist. Auch dieser war bereits 7 Jahre vorher von Jos Müller und Ronny Mergen an das Archäologische Institut gemeldet worden.
Jos und Cliff haben die ganze Zeit die Ausgrabungen begleitet und aktiv unterstützt.

copyright C.Nosbusch






Fotos: C.Nosbusch

D‘Griewer aus der Eisenzäit um Steenricht

(Foto: B.Miska-Konik ©Archaeos/BEST/INRA)

(Foto: C.Nosbusch)


(Foto: C.Nosbusch)
Wéi déi meescht vun Iech sécher gesinn hunn, gouf säit dem Fréijoer 2024 e Grouf queesch duerch eis Gemeng gezunn, fir eng nei Héichspannungsleitung ze leeën.
Dëse Chantier gouf, sou wéi dat neit Denkmalschutz-Gesetz vum 25. Februar 2022 et virgesäit, am Virfeld ënnert d’Lupp geholl. Wëssenschaftlich huet d’Madamm Franziska Dövener vum INRA (Institut National de Recherches Archéologiques) dëse Projet begleet. Nom Déminéieren goufen déi Ofschnëtter, wou mat archeologesch relevanten Entdeckungen ze rechne war, virum eigentleche Chantier vun enger spezialiséierter Firma fräigeluecht. Archäologen vun Best Ingénieurs-Conseils hunn den Terrain ofgesicht, ausgegruewen an eng Diagnose erstallt.
An der Woch vum 3. Juni 2024 koum et dunn op Steenricht bei Duerscht zu enger, fir eis Géigend, spektakulärer Entdeckung. Op der Kopp ganz uewen um Bierg, sinn direkt ënnert der Akerschicht rechteckeg an trapezförmeg Strukture aus Steng opgetaucht. Des Steng ware primitiv a Form vun enger Doudelued getässelt. Wéi dat éischt Gefääss fonnt gouf, stoung fir den zoustännegen Archeolog séier fest: „Dës Griewer mussen aus der Hallstattzäit, vun der Hundsrück Eifel-Kultur stamen!“ Beim weideren Ausgruewe vun dëse Griewer koumen weider Detailer zum Virschäin, déi des Vermutung bestätegen. Sou goufen insgesamt zwee Keramik-Gefäässer fonnt, genau sou wéi een Tork an een Armreef aus Eisen. Een Tork ass e Reef, deen als Schmuck ëm den Hals gedroe gouf. Opwuel an dëse Griewer d’Mënsche komplett drageluecht goufen (Ganzkörpergrab), ware keng Schanke méi ze fannen. Insgesamt goufen 13 Strukture fonnt. Vun deene sinn der 4 als Graf (Steinkistengrab) identifizéiert ginn.
Am Éislek sinn dëst bis elo déi eenzeg bekannte Griewer aus der Hallstattzäit. Des Zäit goung vun ongeféier 800 bis 450 v.Chr., also laang virun der gallo-réimescher Zäit. D’Period vun der Hallstattkultur gouf am 19. Joerhonnert no der Uertschaft Hallstatt um Hallstätter See benannt, well do ee risegt Griewerfeld mat iwwer 1000 Griewer entdeckt an ausgegruewe gouf. Dee fir d‘Virgeschicht zoustännegen Archäolog vum INRA Iliya Hadzhipetkov schwätzt an dësem Fall vun der Hunsrück-Eifel-Kultur. Dobäi geet et ëm dat Vollek, wat an eiser Regioun zu där Zäit gelieft huet. Dacks gi bei dëser Aart vu Griewer och vill aner Grafbeigabe fonnt, wéi z.B. Waffen, Fiebelen, Rimmer, Schmuck an Nolen. D’Hunsrück-Eifel-Kultur huet awer meeschtens manner Grafbeigabe matbegruewen, wéi et zu där Zäit an der Géigend vun Hallstatt de Fall war. Ausféierlech Informatiounen iwwert dës interessant Kulturen fënnt een am Internet, ënner anerem op Wikipedia. D’Objeten déi op Steenricht séchergestallt goufen, ginn elo analyséiert an konservéiert. Wat soen d’Griewer iwwert d’Mënschen aus där Zäit aus? Mat Spannung waarde mir op d’Auswäertung vun den Archeologe vum INRA, déi no der Dokumentatioun vun allen Elementer erstallt a verëffentlecht ginn.
Well beim Chantier vun der Héichspannungsleitung just eng schmuel Sträif opgemaach gouf, kéint et sinn, dass nach vill méi am Feld ass. Fir dat rauszefannen, gouf Enn 2024 eng groussflächeg Geoprospektioun duerchgefouert. Mat verschiddenene physikalesche Methoden konnt sou an de Buedem ragekuckt ginn, ouni ze gruewen. An dësem Fall gouf sech fir eng Widderstandsmiessung entscheet. Dobäi gouf een Unhänger iwwert d’Feld gezunn, bei deem zwëschent de Rieder een elektresche Stroum duerch de Buedem geschéckt gouf. Ee Computer huet den elektresche Widderstand ermëttelt a mat Hëllef vu GPS eng Kaart erstellt. Do wou ee Graf oder soss eng Struktur am Buedem ass, ass de Widderstand anescht, sou dat déi Plaazen um Computer op der Kaart duerch eng aner Fierwung ze gesi sinn. D‘Geoprospektioun um Steenricht ass negativ verlaf. Da heescht, dass keng weider Griewer op den ugrenzende Felder nogwise konnte ginn. Wann nach méi Griewer do waren, kann et sinn, dass déi iwwert déi letzt Joerhonnerten dem Plou zum Affer gefall sinn.
Dësen Artikel fannt Dir och am "Houser Sender Nr78 02/2025" C.Nosbusch




D’Ausgruewung 2023 bei Duerscht
2021 goufe fir de Projet vun der Umgeeungsstrooss fir Husen op ville Plaze präventive Gruewunge gemaach. All 10 Meter gouf e Gruef gezunn. En Archeolog huet dobäi Schicht fir Schicht opgepasst, wat am Buedem wier. Ënner anerem bei Duerscht, sinn si deemools op Iwwerreschter vu fréiere Kulture gestouss. An dësem Fall waren et Reschter vun engem galloréimesche Kierfecht.
Fir d’Aarbechte fir de Bau vun der Strooss net ze bremsen, gouf dëse Kierfecht 2023 ganz ausgegruewen. Et huet sech rausgestallt, dat vill mauerähnlich Strukturen als Entwässerung vum Hang ugeluecht goufen. Et goufen awer och eng Partie Griewer fonnt. D‘Auswäertung vun dëse Griewer ass nach net ofgeschloss an dofir och nach net offiziell publizéiert ginn. Sécher ass awer, dat et sech ëmm galloréimesch Griewer handelt. Extra vill Beigaben goufen net fonnt, so dat een dovunner ausgoenkann, dat „normal“ Bierger do begruewen goufen.
Eng vun den interessantsten Beigaben, war een sechseckeg Glasgefääss mat 2 Hänken um Hals. Dëst Gefääss gesäit no bal 2000 Joer sou aus, wéi wann dat réischt d’lescht Joeran de Buedem beluecht gouf. Vu sou engem Gefääss goufen och nach verschmolten Reschter fonnt. Dëst gouf bei der Anäscherung mat verbrannt.
Nieft Urnen goufen och anert Keramik Geschier mat an d’Griewer ginn. Op der Foto ënnen ass eng Schuel, an der eppes mat an d’Grav geluecht gouf. Wat all des Beigaben ze bedeiten hunn, a wat si iwwert déi Läit aussoen, wäerten mir no der Auswäertung vun den Archeologe gewuer ginn. Et bleift nach ze bemierken, dat do wou Läit begruewen goufen, och Läit gelieft hunn... Deemno mussen och Gebaier an der Géigend gestanen hunn. Op der Fläsch, wou d’Strooss gebaut gëtt, goufen keng Reschter fonnt, deemno bléift nach sou munches ze entdecken.
Dësen Artikel fannt Dir och am "Houser Sender Nr76 08_2024"
C.Nosbusch